Duerch SLAPP-Kloe solle kritesch Stëmmen intimidéiert oder ënnerdréckt ginn, wa si sech an Affäre vun ëffentlechem Intressi zu Wuert mellen. D’Zil vun esou Kloen ass et net, fir e Prozess ze gewannen, mee fir d’Participatioun un enger ëffentlecher Debatt ze verhënneren.
Am Prozess goung et ëm en Artikel vu Juli 2024. Doran ass et ëm de Gerant vun engem Immobiliegrupp gaangen, deen zu enger Geldstrof verurteelt gi war wéinst Violatioun vum Gesetz iwwer d’Handelsgesellschaften.