arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Sabotageaktiounen um däitsche Stroumnetz: Ee Verdächtege gouf festgeholl

Däitschland

|
reading time

1 min

No Sabotageaktiounen um däitsche Stroumnetz: Ee Verdächtege gouf festgeholl

Zënter Deeg gëtt no deem Verdächtege gesicht. Et handelt sech ëm een 48 Joer ale Mann, dee selwer a Bréiwer d'Sabotageaktioune fir sech revendiquéiert huet. Déi däitsch Police huet de Mann elo festgeholl.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Sascha Thelen
(Foto: picture alliance/dpa | Sascha Thelen)

De Mann steet ënner Verdacht, selwer gebastelt Ofschossekippementer bei Héichspannungsleitunge placéiert ze hunn. Dat mam Zil ee Kuerzschloss ze provozéieren. 

A senge Bréiwer waren Detailer dran, déi nëmmen den Auteur selwer konnt kennen. Aus deem Grond geet d'Police dovunner aus, datt de Mann och hanner deenen Dote stécht. 

Bei enger Perquisitioun a senger Wunneng hat d'Police iwwerdeems Sprengstoff fonnt. 

Mat sengen Aktioune wollt de Verdächtege géint d'Stroumproduktioun op Basis vu fossillen Energië protestéieren, stoung a senge Bréiwer.