arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No de Walen: Éischt Koalitiounsoptioune kristalliséiere sech eraus

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No de Walen: Éischt Koalitiounsoptioune kristalliséiere sech eraus

No de Landtagswalen zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern huet den däitsche Kanzler a Parteipresident Friedrich Merz Responsabilitéit iwwerholl.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Elif Eralp | © EPA/CLEMENS BILAN
Elif Eralp (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

D’Bundespolitik, mee och seng Persoun, hätten een Undeel un de schlechte Walresultater vu senger CDU, esou de Friedrich Merz. 

Eventuell komplizéiert Verhandlungen zu Berlin

Um Méindeg hu sech dann och éischt Koalitiounsoptiounen erauskristalliséiert. Besonnesch an der Haaptstad Berlin kéinten d’Verhandlungen awer komplizéiert ginn.

Méi wéi ee Véierel vun de Stëmme krut Die Linke bei de Walen zu Berlin. Et ass e Rekord fir d’Partei an der däitscher Haaptstad, an e klore Message, fënnt d’Spëtzekandidatin Elif Eralp.


"Die Berlinerinnen und Berliner haben mir ganz klar einen Regierungsauftrag gegeben, um die CDU aus dem Roten Rathaus abzulösen, um ein bezahlbares Berlin herzustellen, das für alle Menschen sorgt. Egal, woher sie kommen, egal, an was sie glauben, egal, wen sie lieben, egal, welches Einkommen sie haben."

Fir eng Majoritéit brauch d’Lénkspartei d’Hëllef vum B90/Die Grünen a vun der SPD. Allerdéngs ass net garantéiert, datt d’Parteien och zesummefannen.

Die Linke wëllt Wunnengsbaugesellschaften enteegnen. Domat dinn Deeler vun der SPD sech awer schwéier. Déi Gréng fuerderen iwwerdeems e kloert Bekenntnis vun Die Linke géint Antisemitismus, deen a verschiddenen Deeler vun der Berliner Linke virherrscht.

SPD a Gréng sëtzen um laangen Hiewel. Si hätten nämlech theoreetesch och mat der CDU eng Majoritéit.

A Mecklenburg-Vorpommern ass d’Situatioun méi kloer

Realistesch ass a Mecklenburg-Vorpommern just e Bündnis vun der SPD vun der Ministerpresidentin Manuela Schwesig mam B90/Die Grünen an der Lénkspartei.

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz schwätzt no den zwou Walen iwwerdeems vu gravéierende Verännerungen am däitsche Parteiesystem.

"Bei den gestrigen Wahlen hier in Berlin zum Beispiel wurden mit mehr als 40 Prozent Kräfte gewählt, die destruktiv sind, die unser politisches, parlamentarisches System in Frage stellen, und die mit radikalen und einfachen Lösungen versuchen, die Menschen zu begeistern."

Gläichzäiteg huet de Bundeskanzler mussen zouginn, datt seng Regierung de Leit Äntwerte schëlleg wier. Dat misst sech änneren.

D’SPD huet zougeséchert, weider an der Koalitioun am Bund ze bleiwen – d’Reformpläng vun der Regierung missten awer nach eng Kéier iwwerschafft ginn, esou hir Fuerderung.

D'Bundesregierung huet elo e puer Méint Zäit, fir hir Reformen ëmzesetzen. Déi nächst Landtagswalen an Däitschland stinn eréischt am Abrëll 2027 um Programm.

play_arrow Lauschteren