Déi nepalesesch Autoritéite ginn dovun aus, datt sech nach Honnerte Mënsche kéinten an engem Tunnel vum engem Chantjen ophalen, dee vun der Bullislawinn zougekippt gouf. Dobäi kënnt elo de ville Reen - et ass Monsunreenzäit - soudatt de Risiko besteet, datt den Tunnel iwwerflut gëtt.
Chineesesch Fuerschungsekippen sinn der Meenung, datt den Äerdrutsch doduerch ausgeléist gouf, datt sech een Äisbrocken a méi wéi 1.000 Meter Héicht lassgeléist huet a Bulli a Steng iwwer 22 Kilometer mat sech gerappt huet.