Den Haakon VIII. gëtt Kinnek zu turbulenten Zäite fir déi norwegesch Kinneksfamill. D‘Monarchie ass beléift, mee si gouf an de leschte Joren duerch Skandaler belaascht. Deem neie Kinnek seng Fra Mette-Merit huet sech entschëllegt wéinst Lienen zum verurteelte Sexual-Verbriecher Jeffrey Epstein.
Nom Doud vum Harald V. koume vill Hommagen. Zu Lëtzebuerg huet de groussherzoglechen Haff op de soziale Medie reagéiert. De Grand-Duc an d‘Grande-Duchesse soe sech an déiwer Trauer an drécken der norwegescher Kinneksfamill hiert Bäileed aus.