Den delegéierten Tourismusminister Eric Thill vun der DP hofft, datt dëst Tourismusjoer d’selwecht gutt gëtt wéi 2024.
D’lescht Joer waren 1,5 Milliounen Touristen am Land. Dat waren der 6 Prozent méi wéi 2023.
Lokalen Tourismus, Vëlossummer, Guide for a day
Mam "Guide for a day" an dem "Vëlossummer" stinn dëst Joer zwou Initiativen am Fokus, déi souwuel de Cyclo-Tourismus, wéi och déi kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg valoriséiere wëllen.
Doriwwer eraus wéilt een dëst Joer och versichen, de lokalen Tourismus weider ze entwéckelen, esou den Eric Thill. An de leschte Jore wier opgefall, datt ëmmer méi Lëtzebuerger gefalen un der Vakanz am eegene Land géife fannen.