Scope géif domat erëm déi gutt finanziell Situatioun vum Land ënnersträichen, déi op staark wirtschaftlech Fundamenter an eng virsiichteg Budgetsgestioun zeréckzeféiere wier.
Déi cibléiert Ënnerstëtzunge fir de Bausecteur an d'Privatstéit hätten 2024 zu enger wirtschaftlecher Erhuelung bäigedroen. D‘Wuesstemsprognos géife vun héijen ëffentlechen Investissementer ugedriwwe ginn, heescht et weider am Communiqué.
Scope ratings rechent mëttelfristeg mat moderate Budgetsdefiziter an enger nohalteger Entwécklung vun der Staatsschold.