Radioen

On air

Grousse Kino  |  Prett fir en Tierchen?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuerkeess: Trotz Reprise um Immobiliemarché bleift een "esou virsiichteg, wéi méiglech"

Banken

Spuerkeess: Trotz Reprise um Immobiliemarché bleift een "esou virsiichteg, wéi méiglech"

D’Spuerkeess huet iwwer d’lescht Joer eng Reprise um Immobiliemarché konnte feststellen. Bei der Presentatioun vum Bilan 2024 hunn d’Vertrieder:inne vun der Spuerkeess vun enger Hausse vu 40 Prozent geschwat. An der Haaptsaach wier et awer de Marché secondaire, deen an d’Luucht gaangen ass, grad wéi Renovatiounen. Bei de Keef vun neien Immobilië géif et awer nach Loft no uewe ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Ana Angel play_arrow
(Foto: Ana Angel)

Zejoert si bei der Spuerkeess 4.500 nei Dossieren am Beräich vum Logement opgemaach ginn. Par Rapport zum Joer 2021 hätt een awer nach 30 Prozent manner Logementsdossieren, esou d’Vertrieder:inne vun der Spuerkeess.

22.000 nei Clienten

E groussen Afloss op den Immobiliemarché hunn natierlech d’Zënsen. Déi variabel wiere jo schonn ëm iwwer 1 Prozentpunkt gefall, an och déi fix géifen erofgoen, esou de Romain Wehles vun der Spuerkeess.

"Wann d'Zënsen niddreg sinn am Variabelen, dann ass de Client tentéiert fir ee Variabelen ze huelen, wat och sécherlech deelweis net falsch ass. Mee et muss een ëmmer mat eranhuelen: Wann ech een Haus kafen oder en Appartement, da sinn ech do wärend 20, 25 oder 30 Joer mat mengem Kredit ënnerwee. An ech muss kucken och eng Securitéit mat eranzehuelen."

D’Zuel vun deene Clienten, déi hire Prêt net kéinten zeréckbezuelen, wier ganz geréng, esou d’Generaldirektesch Francoise Thoma. 22.000 nei Clienten hätt déi staatlech Bank am Joer 2024 gehat. Ee Grond dofir kéint d’Schléisse vun der ING Bank zejoert sinn. 

Net all Baisse kann un de Client virugereecht ginn

D’Spuerkeess selwer konnt zejoert um eegene Produit eng Hausse vun 9.5 Prozent feststellen, erkläert d’Finanzdirektesch Doris Engel. Domat ass et dat zweet Joer hannerteneen, datt déi staatlech Bank e Produit bancaire vun iwwer enger Milliard huet. 

"Mee mir si, wéi Dir wësst, jo och an enger Phas elo, wou awer d'Zënsen erëm um Wee no ënne sinn. A wann d'Zënsen méi déif sinn, am Prinzip leiden d'Banken dann och, well een och dann och op der Depotssäit vun engem gewësse Moment un, och net onbedéngt all Baissen méi kann un d'Clientèle virureechen."

Dofir wier d’Spuerkeess "esou virsiichteg, wéi méiglech."

Wat de Benefice ugeet bleift d’Spuerkeess 2024 op dem selwechten Niveau wéi dat Joer virdrun, mat ronn 400  Milliounen Euro.

 

 

Lauschterenplay_arrow