arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onbekannt Manuskript vum Mozart gouf an der franséischer Nationalbibliothéik fonnt

Frankräich

|
reading time

1 min

Onbekannt Manuskript vum Mozart gouf an der franséischer Nationalbibliothéik fonnt

Dem Direkter vun der franséischer Nationalbibliothéik Gilles Pécout no wier dat onbekannt Manuskript eng vun deene bedeitenden Entdeckunge vun de leschte Joerzéngten.

reading time

1 min

© picture alliance / Westend61 | Westend61 / Paul Seheult
(Foto: picture alliance / Westend61 | Westend61 / Paul Seheult)

De franséische Pabeier an d'Kompositiounsübunge mat siwe Stécker fir Flütt an Harf géifen drop hindeiten, datt de Manuskript aus Course vum Wolfang Amadeus Mozart tëschent Mee a Juli 1778 kënnt. An där Zäit war hie fir déi leschte Kéier zu Paräis. 

D'Musekheft géif een neie Bléck op seng Zäit als Proff ginn. Niewent senge Schrëfte sinn nämlech och d'Notize vu senger Schülerin Marie-Lousie-Philippine de Guînes an den Hefter ze fannen. Hir lescht gemeinsam Übung schéngt abrupt beennegt ginn ze sinn - déi lescht sechs Säite sinn eidel. 

De Mozart ass 1756 zu Salzburg gebuer an 1791 am Alter vu 35 Joer zu Wien verstuerwen.