search

/ Palästinensesche President Mahmud Abbas réckelt Parlamentswalen ëm ee Joer no hannen

International

|
reading time

1 min

Palästinensesche President Mahmud Abbas réckelt Parlamentswalen ëm ee Joer no hannen

De palästinensesche President Mahmud Abbas huet d‘Parlamentswalen an de Palästinensergebidder, déi fir Enn November geplangt waren, op September d‘nächst Joer verluecht. Als Grond huet hien ënner anerem déi militäresch Aschränkunge vun Israel genannt.

reading time

1 min

Mahmud Abbas | ©  EPA/JADE GAO / POOL
Mahmud Abbas (Foto: EPA/JADE GAO / POOL)

Als Grënn huet hien déi militäresch Aschränkunge vun Israel, den Ausbau vun den israeelesche Siidlungen a Palestina an d'Attacke vun arméierter Siidler esou wéi déi schlecht Sécherheetslag an der Gazasträif genannt.

Lescht Wale ware virun 20 Joer 

Déi lescht Walen an de Palestinensergebidder ware viru méi wéi 20 Joer. Bei de leschte Walen, am Januar 2006, hat déi islamistesch Hamas gewonnen. D'Hamas hat eng knapp Majoritéit am palästinensesches Parlament kritt. No Ausernanersetzunge mat der Konkurrenzpartei Fatah vum Mahmud Abbas huet d'Hamas een Joer drop d‘Kontroll iwwer d‘Gazasträif iwwerholl.

D‘Parlament war duerno net méi funktiounsfäeg a gouf Enn 2018 vum palästinensesche Verfassungsgeriicht opgeléist. Wale goufen ëmmer erëm verluecht. Dem Mahmut Abbas seng regulär Amtszäit ass schonn 2009 ofgelaf. 

Sollten d'nächst Joer d'Parlamentswale sinn, da géifen dës mat de d'Presidentewalen a Palästina zesummefalen. Dës si fir den 11. November 2027 ugesat.