search

/ Patrick Bruel seet all Concerte bis den Hierscht of

Musek

|
reading time

1 min

Patrick Bruel seet all Concerte bis den Hierscht of

Den Drock gouf ze grouss: De Patrick Bruel huet gëschter all seng geplangte Concerte vum Summer an dat bis an den Hierscht eran annuléiert a sech och bis op Weideres aus der Ekipp vun den Enfoirés erausgezunn. Géint de 67 Joer ale Sänger lafe verschidden Enquête wéinst Vergewaltegung.

reading time

1 min

De Patrick Bruel 2024 | © EPA/GONZALO FUENTES / POOL MAXPPP OUT
De Patrick Bruel 2024 (Foto: EPA/GONZALO FUENTES / POOL MAXPPP OUT)

Seng Produktiounsfirma huet gëschter preziséiert, de Sänger wéilt keng Concerte spillen, déi an enger ugespaanter Atmosphär fir de Publikum an d'Organisateure selwer géifen iwwer d'Bün goen.