arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrick Dury: Politik hei am Land hätt OGBL an LCGB esou enk zesumme geschweesst

National

|
reading time

2 min

Patrick Dury: Politik hei am Land hätt OGBL an LCGB esou enk zesumme geschweesst

Op hirer traditioneller Manif den 01. Mee wier ënnert anerem d'Zesummenaarbecht tëschent de Gewerkschaften OGBL an LCGB däitlech ginn. D'Regierung hätt de Gewerkschaften déi ëmmer méi heefeg als Front Syndical optrieden dës Zesummenaarbecht opgedrängt, esou den LCGB-Präsident Patrick Dury.

reading time

2 min

De Patrick Dury an d'Nora Back | © Carole Schimmer
De Patrick Dury an d'Nora Back (Foto: Carole Schimmer)

Iwwer eng reegelrecht Fusioun vun de Gewerkschafte OGBL an LCGB missten iergendwann d’Gremien decidéieren. Momentan géif sech déi Fro awer net stellen, mengt den  den LCGB-President Patrick Dury de Moien am 100,7 Interview. 

"Mee mir hunn eng Zesummenaarbecht, déi haut wierklech gutt fonctionéiert."

Wann hien engem virun e puer Joer gesot hätt, datt den LCGB eng Kéier esou enk mam OGBL zesummeschaffe géif, dann hätt keen him gegleeft, esou de Patrick Dury. 

"Oder et hat esouguer ee mir dat erkläert, dann hätt ech dat vläicht och net gegleeft."

 Offiziell Fusioun steet nach net am Raum 

Et wieren eeben d'Ëmstänn, spréch d'Politik hei am Land, déi dozou gefouert huet, datt si dësen Zesummeschloss hu misse maachen, mengt den  LCGB-President. Op der anerer Säit wier et awer och positiv, datt d'Gewerkschaften elo méi wéi jee un engem Strang zéien. 

An den haitegen Zäite géif keen Hunn méi no den Differenzen, déi soss tëschent OGBL an LCGB bestanen hätten, kréien. 

"Déi Fro stellt sech haut net. Mir si voll amgaang mat schaffen." 

Wat déi bevirstoend Tripartite ugeet, huet den LCGB- Präsident nach eemol kloer gemaach, datt dës gutt virbereet misst ginn. Ouni wëllen dem Ordre du Jour virgräifen, fënnt de Patrick Dury, datt d’Stäerke vun der Kafkraaft wéinst der aktueller Kris misst en Thema sinn.