Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me

Album vun der Woch

Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me

Op hirem véierten Album “Clouds in the Sky They Will Always Be There For Me” setzt déi brittesch Formatioun Porridge Radio op explosiven Indierock mat enger Portioun Folk. E rauen a réien Album iwwert Trauer, Péng an Hoffnung, dee Mutt spent. 

auto_stories

2 min

Foto: Porridge Radio / Bandcamp

2020 hu Porridge Radio mam Album “Every Bad” de groussen Duerchbroch gepackt, ware fir allerlee prestigiéis Musekspräisser nominéiert a goufe vun de Kritiker:inne fir hiren “Slacker-Indie” mat Grunge-Touch gefeiert. Och de leschten Album “Waterslide, Diving Board, Ladder to the Sky” war vum réie Sound vun der Band gepräägt. An hei knäppe Porridge Radio dann och lo mam neien Disk drun un.

Et ass eng Achterbunn vun den Emotiounen, de Sound ass nees immens explosiv a wiesselt dacks séier vun enger melancholescher Stëmmung an eng richteg dissonant Kakophonie. D’Porridge Radio Frontfra Dana Margolin bréngt och hei hir Stëmmbänner un d’Limitten a wéist sech awer immens fragil. An et ass och dëst Wiesselspill vun den Emotiounen, wat Porridge Radio auszeechent. Songs, déi méi séier ännere wéi d’Wierder am Abrëll oder am Oktober. Zum Beispill de Song “Sleeptalker”.

Spagat tëschent explosiv a rouegem Tempo

Dës réi Energie ass typesch fir Porridge Radio, mee et ginn och méi roueg Momenter op “Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me”. Alles an allem meeschtere Porridge Radio hei e gudde Spagat tëschent eben den explosive Rockstécker an och e puer Lidder mat engem méi rouegen Tempo an engem Folk-Afloss.

Et erënnert mat Zäiten e wéineg un d’Indiefolker Big Thief wat villäicht keen Zoufall ass, well de Produzent vum Album, den Dom Monks, och scho fir besote Band hannert dem Mëschpult souz. Déi akustesch, méi geuerdent Stécker gi beim Nolauschteren dann och kuerz Otempausen tëschent den Orkanstéiss, déi d’Frontfra Dana Margolin hei mat hirer Stëmm verursaacht.

Phas vu kierperlecher an emotionaler Erschëpfung

D’Texter sinn allgemeng gezeechent vun depressive Gedanken, Selbstzweifel an och Roserei. Mee och Hoffnung. Dësen Album ass an enger Phas vu kierperlecher an emotionaler Erschëpfung entstanen. Direkt no zwou laangen an ustrengenden Touren an enger schmäerzhafter Trennung fir d’Dana Margolin. Besonnesch d’Enn vun hirer Bezéiung präägt den Album.

Direkt am éischte Song ass et d’Verzweiflung an d’Verlaangen no där anerer Persoun, kuerz dono ass et d’Roserei éier awer da ganz zum Schluss och Hoffnung an Heelung asetzt. “I’m in love with my life again” séngt d’Dana Margolin am Song “Sick of the Blues” a spent hei Mutt no der Däischtert.