arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prolek-President Vic Wirtz confirméiert de Wiessel vu 50 Mëllechbauere bei d'Luxlait

National

|
reading time

1 min

Prolek-President Vic Wirtz confirméiert de Wiessel vu 50 Mëllechbauere bei d'Luxlait

50 vun den 68 Mëllechbaueren aus der Genossenschaft Prolek wëlle vun Abrëll un un d'Luxlait liwweren. Dat huet dat de Prolek-President Vic Wirtz confirméiert. RTL hat fir d‘éischt doriwwer bericht. Déi aktuell Kontrakter vun de Prolek-Bauere mat der EKABE lafen den 1. Abrëll 2027 aus.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D'Luxlait an d'Prolek haten hir Zesummenaarbecht Mëtt September annoncéiert. Vun den 18 Betriber, déi net bei d'Luxlait ginn, halen der eng hallef Dose op. Zwee liwweren un eng aner Molkerei.

Zukunft nach ongewëss 

Bei den anere Betriber ass nach net offiziell gekläert wéi et virugeet. Zéng Betriber kéinte bei den hollännesche Grupp Royal A-ware wiesselen.

De franséische Grupp Lactalis, zu deem d'EKABE gehéiert, hat Enn Mee annoncéiert, d'Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Mëllechbaueren net méi weiderzeféieren.

Iwwerschoss u Mëllech opfänken

Den Direkter vun der Luxlait, de Gilles Gerard hat dorops hin erkläert de betraffene Baueren entgéint kommen ze wëllen. Déi grouss Quantitéite vu Mëllech wieren awer net ouni Weideres ze absorbéieren, esou den Direkter vun der Luxlait am Mee, op der Online-Plattform Linked-In. Et géif een am Beräich vum Méiglechen all Pist analyséiere fir zu enger Léisung fir déi betraffe Bauere bäizedroen.