arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prosper Klein am Alter vun 78 Joer gestuerwen

National

|
headphones

1 min

Prosper Klein am Alter vun 78 Joer gestuerwen

De fréiere Riichter Prosper Klein ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen, dat mellt RTL. De Prosper Klein war eng Institutioun zu Lëtzebuerg. Hien huet eng Rei grouss Prozesser hei am Land geleet.

headphones

1 min

Symbolfoto | © Bigstock
Symbolfoto (Foto: Bigstock )

De Prosper Klein war Untersuchungsriichter bei der Bommeleeër-Affaire, wou hie gesot huet dat wier eng Statsaffär, déi net wéilt opgekläert ginn. Och bei anere grousse Prozesser war de Prosper Klein Riichter, dorënner d‘Luxair-Accident, de Manternacher Mord oder och d‘Geiselaffäre vu Waasserbëlleg.

De Prosper Klein war zënter Dezember 2015 an der Pensioun.