arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RTL/Lunghi-Affär: Appellprozess nach net ofgeschloss

Justiz

|
reading time

1 min

RTL/Lunghi-Affär: Appellprozess nach net ofgeschloss

Den Appellprozess ass haut - net wéi geplangt - nach ëmmer net op en Enn komm. Den Affekot vum fréiere Mudam-Direkter huet Schuedenersatz an Héicht vun 20.000 Euro gefrot. Dogéint huet d’Affekotin vun der Sophie Schram erkläert, datt an dëser Affär aus dem Ugräifer en Affer gemaach gi wier.

reading time

1 min

Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

De fréieren RTL-Direkter Alain Berwick huet iwwerdeems betount, datt Froen ze stellen d’Aarbecht vun engem Journalist wier.

Am Appellprozess geet et nach emol ëm d’medial Couverture, duerch RTL, vun engem Interview mam deemolege Mudam-Direkter Enrico Lunghi: Déi fréier RTL-Journalistin Sophie Schram hat deen am September 2016 gemaach. An deem Interview hat den Enrico Lunghi ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl.

An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht.