Si waren de Moien aus der omanescher Haaptstad Maskat fortgeflunn a sinn iwwer Ägypten op Lëtzebuerg komm.
Et war eng Mëschung aus Freed an Erliichterung ze spieren, wéi déi ronn 180 Passagéier um Findel ukomm sinn. Si sinn hire Famill a Frënn an d’Äerm gefall. Bal jidderengem huet een ugemierkt, dass si ustrengend Stonnen an Deeg hannert sech hunn.
Laang Waardezäiten
E Papp vun zwee Kanner huet erzielt, dass seng Famill sech déi éischt Nuecht vun den Attacken an engem Sous-sol hätt misste verstoppen, ouni ze wëssen ob a wéini ee kéint erauskommen. Un der Grenz hätten hien a seng Famill dono néng Stonne misste waarde fir an den Oman ze kommen. Aner Passagéier hätten Änleches erlieft.
Dat laangt waarden op der Grenz wier dat schwéierst gewiescht fënnt och dëse jonken Här.
“Méi wéi dräi Stonne misste mir richteg an enger laanger Rei waarden an dann nach op eiser Grenz all d'Passportkontrolle missten duerchgefouert ginn. Bagagë missten all eenzel opgemaach ginn a kontrolléiert ginn. Dat war richteg laang, mat der Hëtz souguer mam Bus. An einfach all d'Leit, zum Gléck hunn d'Leit net panikéiert, war alles calm an dat war gutt.”
Vun de Passagéier gouf et awer vill Luef fir d’Organisatioun vum Rapatriement. Si hätten sech zu all Moment a Sécherheet gespuert a Vertraue gehat, datt si sécher zeréck op Lëtzebuerg kommen hu si nach erzielt.
Weider Léisunge gi gesicht
Den Owend soll dann nach e weidere Fliger mat 200 Leit u Bord um Findel ukommen. Eng genee Auerzäit ass hei awer nach net bekannt. Bei der Arrivée um Findel haut de Moien, sot den Ausseminister Xavier Bettel, dass een de Gros vun de Leit elo sécher zeréckbruecht hätt. Vereenzelt Persoune wieren awer nach am Noen Osten. Verschidde Leit wéilten och do bleiwen. Fir déi déi awer nach wéilten zeréckkomme géif een no Léisunge sichen esou nach de Xavier Bettel.