Wann et awer gréisser Repercussioune géife ginn, da géif, wéi an der Vergaangenheet, gekuckt ginn, fir de Bierger:innen entgéint ze kommen, huet de Luc Frieden verséchert.
Den ADR-Deputéierten Dan Hardy wollt vum Regierungschef wëssen, wéi et am aktuelle Kontext ëm déi strategesch Reserve vu Pëtrol a Gas steet.
Lëtzebuerg huet ronn 100 Millioune Kubikmeter Äerdgas als Reserven
Et géife kloer Virschrëfte vun der EU a vun der internationaler Energieagence ginn, esou de Luc Frieden: Lëtzebuerg misst fir 93 Deeg Sécherheetsreserve vu Pëtrolsprodukter hunn, an dës Reserve géifen et och ginn. Beim Gas wier déi ënnerierdesch Späicheren an Europa zu ronn 30 Prozent gefëllt.
"Gas-Fournisseuren, déi Gas u lëtzebuergesch Clientë liwweren, si per Gesetz obligéiert, fir all Joers zum 1. November den Equivalent vu 15 Prozent vun hirem Verbrauch aus deene leschte fënnef Joer an auslännesch Späicheranlagen ze späicheren."
Aus geologesche Grënn huet Lëtzebuerg keng esou Gasspäicheren, betount de Premier. Den Ament hätt Lëtzebuerg ronn 100 Millioune Kubikmeter Äerdgas als Reserven ugeluecht.