Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietspopulistesch FPÖ kritt Optrag fir Regierungsbildung

Éisträich

Rietspopulistesch FPÖ kritt Optrag fir Regierungsbildung

Première an Éisträich: Den FPÖ-Chef Herbert Kickl krut offiziell den Optrag vum President fir eng Regierung op d‘Been ze stellen. Dat huet den Alexander van der Bellen virun der Press matgedeelt, no enger Entrevue mam Herbert Kickl. Deen hätt him am Gespréich verséchert, datt hie sech d‘Aufgab vum Kanzler zoutraue géif, esou den éisträichesche President.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dts-Agentur
Foto: picture alliance / dts-Agenturb

Den Herbert Kickl soll deemno elo Gespréicher mat der konservativer ÖVP ophuelen. D‘ÖVP war an der Vergaangenheet géint eng Zesummenaarbecht mat der rietspopulistescher FPÖ, wier awer elo oppe fir Koalitiounsgespréicher.

D‘Land bräicht grad an der momentan ekonomesch schwiereger Situatioun eng aarbechtsfäheg Regierung esou de Van der Bellen.

Lauschterenplay_arrow

De Weekend waren d‘Koalitiounsgespréicher tëscht der ÖVP an der sozialdemokratescher SPÖ gescheitert.

D‘FPÖ hat d‘Parlamentswalen an Éisträich am September mat ronn 29 Prozent vun de Stëmme gewonnen.