Vun der Klimaschutzorganisatioun CAN Europe iwwert Eurodad, dem Europäeschen Netzwierk iwwert Schold an Entwécklung, oder awer dem international aktiven Tax Justice Network: Vill ONGe schwätze vun engem Duerchbroch, deen do matten am Summerlach dee leschte Freideg zu New York geschitt ass.
Lëtzebuerg huet sech wéi déi aner EU-Staaten enthalen
D’Majoritéit vun de Länner hu sech hannert eng Steierkonventioun vun de Vereenten Natioune gestallt. 110 Länner, dorënner all déi vum sou genannte globale Süden, hu fir ee virleefegen Text gestëmmt, deen d’Grondzich fir esou eng Konventioun festleet. Aacht Länner, dorënner d’USA, Kanada, Australien a Groussbritannie waren dergéint, wärend sech 44 Länner, dorënner alle 27 EU-Memberstaaten, enthalen hunn.
ONGen: Text kéint eng “Revolutioun” an internationale Steierfroen ausléisen
Verschiddenen ONGen no ginn de Regierungen all Joers Honnerte vu Milliarde vu Steierrecettë verluer, zu Gonschte vun deene räichsten Entreprisen a Persounen, déi dovu profitéieren, datt et keng verbindlech international Reegele gëtt. An eng Steierkonventioun um Niveau vun de Vereenten Natiounen ass fir si de Schlëssel fir een aneren, méi ee gerechten internationale Steiersystem, erkläert zum Beispill de Luke Holland vum Tax Justice Network.
“Duerch esou eng UN-Konventioun kann eng Revolutioun an der internationaler Steier-Zesummenaarbecht ausgeléist ginn.”
Am virleefegen Text, deen elo vu Representanten aus 110 Länner engem Ad Hoc Comité vun de Vereenten Natiounen adoptéiert gouf, ginn déi grouss Linne fir eng, wéi et do heescht “inklusiv an effficace international Steier-Kooperatioun” opgezeechent. Et ginn dofir Prinzippien a spezifesch Engagementer a Protokoller festgeluecht.
Deen Text wier net perfekt, mee vill besser wéi alles, wat bis elo vun anere Gremien, notamment der OECD, der Organisatioun fir Wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, zu dem Sujet op den Dësch geluecht gouf, soen d’ONGen. An der OECD gëtt zënter Joren iwwert eng Reform vun den internationale Steierreegelen debattéiert.
Vertrieder vun afrikanesche Länner: “Mir goufen ze laang iwwergaangen”
D’OECD handelt am Numm vun hire Memberen, virop déi grouss a räich Industrienatiounen, bei de Vereenten Natiounen awer huet all Land, also och d’Länner vum Süden eng Stëmm, sou d’Argument.
An déi Stëmm huet sech dës Kéier géint déi aner duerchgesat, stellt de Vertrieder vun den afrikanesche Länner kuerz virum Vott zu New York fest an appelléiert, fir den Text ze stëmmen.
“Ze laang goufen d’Stëmme vun den Entwécklungslänner, a speziell déi vun den afrikanesche Länner, iwwergaangen an Diskussiounen iwwer Steierofkommes. Dat heiten ass de Moment ee Schratt weider no vir ze goen.”
Deen Appell awer gouf vun de Länner aus dem Norden net gehéiert.
Lëtzebuerger Kritik en Ligne mat EU-Positioun
Déi meescht vun hinnen hu sech enthalen, wéi och Lëtzebuerg, wat an engem Pabeier seng Kritikpunkten ervirgehuewen hat. Si decke sech deels mat deene vun den USA, Kanada oder Groussbritannien, déi bei hirem Nee bliwwe sinn an och mat de Bedenken, déi déi europäesch Memberlänner zesummen an enger Stellungnam ugemellt haten.
Et wier wichteg am Konsens, Decisiounen ze huelen, sou een Argument. Et misst een iwwerdeems och déi Diskussiounen, déi an aneren internationale Gremie gefouert ginn, berücksichtegen. An et sollt een, anescht wéi am Text vun der UN proposéiert, manner verbindlech Engagementer fir d’Länner virgesinn.
D’EU, Kanada a Groussbritannien hu sech op der Reunioun zu New York fir deementspriechend Amendementer staark gemaach.
D’Europäesch Kommissioun hat an hirem Pabeier op d’Fro, wat genee d’Kritik vun den Europäesche Länner ass an ob d’EU hei net misst dofir suergen, de Gruef tëscht Süden an Norde méi kléng ze maachen, net richteg geäntwert.
D’Aarbecht vun anere Gremie misst am Text vun der UN berücksichtegt ginn, sou eng Porte Parole op eis Nofro. D’EU-Länner hätten hei enk zesummegeschafft.
Verhandlunge sinn nach net um Enn
D’Kritik, et géif en hei par rapport zu den Diskussiounen am Kader vun der OECD eng Zort "double Emploi" maachen, léisst de Luke Holland iwwerdeems net gëllen.
“Et gëtt keng Duplikatioun. Déi, déi fir dësen Text gestëmmt hunn, wëllen deen OECD-Prozess ganz einfach guer net. Si wëllen ee faire Prozess”, sou de Vertrieder vun Tax Justice Network.
Dee grousse Problem ass béide Säite bewosst: Sou laang déi, déi am meeschte vun där aktueller Steierpraxis profitéieren, dogéint sinn, verbindlech international Reegelen opzestellen, kënnen déi aktuell Verléierer aus dem Süden net vill gewannen.
🇪🇺 The EU's abstention on last Friday's #UNTaxConvention vote represents progress - but it’s time now for a full endorsement!
— CAN EUROPE (@CANEurope) August 22, 2024
Global tax rules must tackle evasion, boost development and protect our planet.
Recommended reading from @eurodad: https://t.co/NOlbifMKU2 https://t.co/H2xriN59d9
EU hat virdru mat Nee gestëmmt
De Fait, datt sech d’Länner aus der Europäescher Unioun dës Kéier just enthalen hunn an net, wéi nach zejoert, dergéint gestëmmt hunn, wier ee Fortschrëtt, soen d’ONGen.
“Mir gesinn hei ee Momentum. Et ass méi schwéier ginn, dergéint ze stëmmen a mir hoffen, datt op d'mannst eenzel Länner prett sinn, sech ze beweegen”, sou de Luke Holland.
Am November soll an der UNO-Vollversammlung iwwert d’Proposen ofgestëmmt ginn. Och dono ass et nach ee laange Wee bis eng entspriechend Konventioun um Niveau vun de Vereenten Natiounen a Kraaft triede kéint.