An engem Message un all Parteipresidenten huet de Formateur vum flammännesche rietskonservative N-VA matgedeelt, datt hien dem Kinnek seng Demissioun agereecht hätt.
De Kinnek Philippe hat dem Formateur bis den Owend Zäit ginn, fir ee Koalitiounsaccord mat de 5 Parteien, ze fannen. Dat wier awer net méiglech gewiescht, sou den De Wever: Wann déi 5 net wëllen, da kann een näischt maachen, huet hie geschriwwen.
Ee vun de Knackpunkten ass déi geplangte Steierreform. Un där och schonn déi virrecht Regierung vum Alexander De Croo gescheitert war.
De Kinnek Philippe empfänkt de Bart de Wever den Owend um 20:15, wéi de Palais matgedeelt huet.