arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ruben Querinjean gewënnt d'Sëlwermedail am 3.000 Meter Steeple

Liichtathletik-EM

|
reading time

1 min

Ruben Querinjean gewënnt d'Sëlwermedail am 3.000 Meter Steeple

Bei der Liichtathletik-Europameeschterschaft huet de Ruben Querinjean gëschter Owend sensationell d‘Sëlwermedail am 3.000 Meter Steeple fir Lëtzebuerg gewonnen. An enger Zäit vun 8 Minutten, 25 Sekonnen an 61 Honnertstel gouf de Ruben Querinjean Vize-Europameeschter.

reading time

1 min

© EPA/ADAM VAUGHAN
(Foto: EPA/ADAM VAUGHAN)

Hie louch déi éischt 2.000 Meter quasi ëmmer op de Positiounen 8 bis 9. Op de leschte 600 Meter huet hie sech no vir geschafft. Um Enn war just nach den Däitsche Frederik Ruppert méi séier, wärend deem säi Kompatriot Karl Bebendorf d‘Bronzemedail krut.

20 Joer nom David Fiegen

Et ass eng historesch Performance fir d‘Lëtzebuerger Liichtathletik, kommentéiert d‘Lëtzebuerger Liichtathletik-Federatioun dem Ruben Querinjean säin Exploit. 20 Joer nom David Fiegen senger Sëlwermedail iwwer 800 Meter bei der EM zu Göteborg huet Lëtzebuerg mam Ruben Querinjean een neie Vize-Europameeschter an der Liichtathleetik.