Och de Progrès Nidderkuer krut eng Geldstrof an Héicht vun 1.500 Euro. D’Strofe goufen ënner anerem wéinst net bezuelte Salairë gesprach.
Déi national Lizenz, déi gebraucht gëtt fir am nationale Championnat unzetrieden, krute béid Veräiner dofir just mat Oplagen. D’UEFA-Lizenz krut dogéint kee vun den zwee Veräiner. Si kréien och keng Suen aus dem Solidaritéitsfong.
All aner 14 Veräiner aus der Nationaldivisioun krute béid Lizenzen.