Schaarf Kritik u gemeinsamer Gesetzespropos vu konservativer EVP a rietse Parteien
Déi presuméiert Kollaboratioun am Europaparlament tëschent der konservativer EVP mat rietse Parteie wier skandaléis, sot de Generalsekretär vun der SPD, den Tim Klüssendorf. Hien huet den EVP-Fraktiounschef Manfred Weber opgefuerdert, sech ze erklären.
Recherche vun der däitscher Presseagence dpa no, hunn EU-Deputéierter vun der Europäescher Vollekspartei EVP mat rietse Partein, dorënner déi däitsch AfD, un enger gemeinsamer Gesetzespropose fir eng Verschäerfung vun der Migratiounspolitik geschafft.
Zur EVP gehéiert nieft der däitescher CDU an CSU och déi Lëtzebuerger CSV.