arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Veto-Menace: Slowakei setzt sech fir russeschen Oligarch Mikhail Fridman an

EU-Sanktioune géint Russland

|
headphones

1 min

Veto-Menace: Slowakei setzt sech fir russeschen Oligarch Mikhail Fridman an

D’Slowakei blockéiert d’Verlängerung vun den EU-Sanktioune géint Russland a verlaangt, datt zwee russesch Oligarche vun der Lëscht erofgeholl ginn, dorënner de Mikhail Fridman, deem säi Verméigen zu Lëtzebuerg agefruer ass. D’EU-Länner mussen sech bis e Méindeg eens ginn.

headphones

1 min

Michail Fridman | © LetterOne Group
Michail Fridman (Foto: LetterOne Group)

Zu Bréissel sinn haut de ganzen Dag d’EU- Ambassadeuren zesummen. Et geet ënner anerem ëm d’Verlängerung vun de Sanktioune géint méi ewéi 2000 Persounen an Organisatiounen, déi de russesche Krich an der Ukrain ënnerstëtzen. 

Ungarn huet Veto opgehuewen 

Eisen Informatiounen no huet d’Slowakei ee Veto ageluecht, a verlaangt, datt de russeschen Oligarch Michail Fridman genee ewéi den Alischer Usmanow vun där Lëscht erofgeholl ginn.

Och Ungarn hat sech dofir agesat, mee hätt an der Tëschenzäit säi Veto opgehuewen, heescht et.

De Michail Fridman, vun deem Avoiren op Konten zu Lëtzebuerg agefruer sinn, hat Lëtzebuerg dowéinst verklot. Hie fuerdert Schuedenersatz an der Héicht vun 13,8 Milliarden Euro. Déi Affär leeft nach.

Decisoun, fir Sanktiounen ze verlängeren, muss eestëmmeg ugeholl ginn

D’EU hat 2022 Sanktioune géint de russeschen Oligarch verhaangen. Hien hat dogéint geklot, a krut an enger éischter Instanz Recht. Lettland huet awer eng Revisioun ageluecht, dat Urteel steet nach aus. 

D’EU-Ambassadeuren hunn nach bis ee Sonndeg Mëtternuecht, Zäit fir sech eens ze ginn. D’Decisioun iwwer d’Verlängerung vun de Sanktioune muss eestëmmeg geholl ginn. Et kéint sinn, datt de Weekend eng weider Reunioun vun den EU-Ambassadeuren aberuff gëtt, fir een Accord ze fannen.