arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Social-Media-Verbuet fir Jonker: Gutt gemengt, mee keng wierklech Léisung

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Social-Media-Verbuet fir Jonker: Gutt gemengt, mee keng wierklech Léisung

Am Fräie Mikro kuckt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, aus humanistescher Siicht op de wuessenden Drock, Jonker ënner 16 Joer aus de Soziale Medien auszespären.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
De Bob Reuter | © Radio 100,7
De Bob Reuter (Foto: Radio 100,7)

Vill Léit maache sech Suergen iwwer d'Geforen, deenen eis Kanner online begéinen – a mat Recht.

Vill Länner gräifen elo no enger vermeintlech einfacher Léisung – d'Kanner vun de Plattformen ewechhalen.

Hanner engem Verbuet wierkt e méi ale, quasi reliéise, Reflex – d'Jugend réng ze halen, andeems ee se vun der verbuedener Fruucht ewechhält.

Kleng Effekter trotz Verbuet?

Fir mech ass d'Fro awer net, ob mir eis Kanner schütze sollen, mee ob e Verbuet dat iwwerhaapt fäerdegbréngt a wéi ee Schued esou ee Verbuet uriichte géif. Als éischt muss ee bedenken: et gëtt zwar Studien, déi weisen, datt Sozial Medie psychesch Schwieregkeete bei munche Kanner a Jugendleche kënne verstäerken, mee et ass net beluecht, datt si d'Leed vun enger ganzer Generatioun verursaachen.

D'Beweislag ass gemëscht, an d'Effekter sinn am Duerchschnëtt éischter kleng. 

Eng rezent Etüd vum Netzwierk “EU Kids Online” mat iwwer 29.000 Kanner a Jugendleche weist, datt mir vläit manner ze panikéiere brauchen: Engem Risiko ausgesat ze si bedeit net onbedéngt ee Schued dovundroen.

Sozial Kontakter kënnen drënner leiden

E Verbuet - soen déi Jonk, déi befrot goufen – géif si Frëndschaft, Léieren an Zougehéieregkeet kaschten. Fir eng Rei Jugendlecher ass d'Netz déi eenzeg Plaz, wou si Hëllef fannen.

Mécht een dat zou, dann isoléiert een déi Jonk – amplaz si ze schützen.

E Verbuet féiert Jonker net aus der Onmëndegkeet eraus, en emanzipéiert si net. Resilienz erreecht een net hanner enger zouener Dier, mee andeems ee léiert, sech de Geforen ze stellen.

Motivéiert e Verbuet net just nach méi?

An d'Mëttel dofir ass net e Verbuet, mee Bildung, déi Medien- an Informatiounskompetenz opbaut.

An ee Verbuet fir Jonker léisst de wierkleche Problem onugetaascht: Net Sozial Medien als solches sinn de Problem, mee de problemateschen Design vun deene Plattformen ass et: Dat endloost Scrollen, d'Algorithmen, déi op Roserei ausgeriicht sinn, d’Fessele vun eiser Opmierksamkeet.

Dat wierkt op eis all, virun allem op déi wou sech eleng fillen a sech net wiere kënnen, an dat si nach laang net just Kanner.

E Verbuet raumt de geféierleche Raum also, wann e funktionéiert, just eidel – méi sécher mécht et en awer fir keen. A warscheinlech dréift e Verbuet d’Kanner nach méi dozou, dee Raum heemlech an ouni Begleedung ze exploréieren.

Ëmmer méi Donnéeën

Méi schlëmm nach: fir den Alter ze kontrolléieren, mussen d'Plattformen eis dann all identifizéieren, an dofir ginn da Gesiichtsscans gesammelt. Dorobber hunn déi just gewaart. Déi grouss Konzerner kréien dann nach méi Daten, iwwer eis all. Ma Bravo!

D'Ursula von der Leyen huet et selwer op de Punkt bruecht: d'Fro ass net, wéini d'Kanner Zougang zu de Soziale Medien hunn, mee wéini déi Sozial Medien Zougang zu eise Kanner hunn.

A wéi déi dann express dofir suergen, datt si méiglechst vill Zäit drop verbréngen.

Dat schwätzt eigentlech géint ee pauschaalt Verbuet a fir eng méi staark Reguléierung vun de Plattforme selwer, fir datt si net ongestéiert hier toxesch Wierkung ausübe kënnen.

An dat musse mir hikréie, wa mir d’Risiken a Geforen, fir eis all, wierklech an de Grëff kréie wëllen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren