D’lescht Woch sot de Premierminister op RTL-Tëlee, déi Hëtzt, déi eis an de leschte Woche schweessen deet, wier exceptionell.
An den CSV-Fraktiounspresident sot um Radio, am Summer wier et schonn ëmmer waarm gewiescht.
De franséische President Macron hat e puer Deeg virdru gemengt, et hätt een Temperature vu 40 Grad a méi net kënne virausgesinn. Déi Politiker weisen domat, datt si d’Rapporte vu Wëssenschaftler, déi zënter ronn 50 Joer déi aktuell Klimakris virausgesot hunn, entweeder net gelies hunn, oder net seriö huelen.
Erhëtzung op 1,5 Grad limitéieren?
Fir d’Wëssenschaft ass et nämlech eng ganz normal physikalesch a cheemesch Konsequenz vum massiven Ausstouss vu Kuelendioxid CO2, deen an der Atmosphär d’Hëtzt, déi d’Äerd ausstraalt absorbéiert, esou datt et op onsem Planéit ëmmer méi waarm gëtt.
Et geet also net duer, eis un dat neit Klima unzepassen, mee mir mussen d’Tendenz ëmdréinen. Dofir hat d’COP 2015 zu Paräis ënner dem entscheedenden Impuls vun der deemoleger Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg decidéiert, alles ze ënnerhuelen, fir d’Erhëtze vun der Äerdatmosphär op 1,5 Grad ze limitéieren.
Mir sinn awer um Wee op 4 Grad.
Lescht dräi Summeren hunn de Beweis geliwwert
A sengem éischten Interview mam Caroline Mart, den 1. Januar 2024, huet de Luc Frieden gemengt: De Kampf géint de Klimawandel ass souwisou e Projet, dee méi à moyen et long terme ass, an dat anert si kuerzfristeg Besoinen, déi eis Gesellschaft huet.
Déi dräi lescht Summeren dierfte gewisen hunn, datt d’Klimakris kee mëttel- oder laangfristege Problem ass, mee datt se längst am gaangen ass an ons Liewensgrondlagen a Fro stellt.
Et wäert och net bei Hëtztwelle bleiwen. Mir musse weiderhin och mat staarkem Reen an Iwwerschwemmunge rechnen. 2025 goufen et doduerch an Europa Schied an Héicht vu 45 Milliarden Euro.
Ouni Beie keng Friichten
Um Radio 100,7 gouf ee gewuer, datt d’Waasserqualitéit bei eis déi schlechtst ass an Europa, an awer refuséiert d’Landwirtschaftsministesch an de Waasserschutzgebidder d’Pestiziden ze verbidden.
Dat huet net nëmme Konsequenze fir eist Drénkwaasser, mee och fir d’Déierewelt. Well nieft der Klimakris an zum Deel duerch si, awer och duerch aner Facteure bedéngt, gëtt et och eng Biodiversitéitskris.
Dat mierkt ee schonn dodrun, datt op eisen Autosfënstere vill manner Insekte peche bleiwe wéi fréier. Wann d’Beien ausstierwen, kréie mir net nëmme keen Hunneg méi, mee da ginn d’Planze manner bestäubt an droen da keng Friichte méi.
CSV: Mesuren, déi nerven
Et ass dofir ze hoffen, datt mat deem Dossier, deen d’Zäitschrëft forum an der Nummer 450, déi nächste Freideg erauskënnt, publizéiert, d’Diskussioun iwwer eng Klima- a Biodiversitéitspolitik relancéiert gëtt.
Well et dierf een net vergiessen: Et sinn net d’Mesure vun der viregter Regierung, fir de Klima ze retten, déi nerven, wéi d’CSV am Walkampf behaapt huet, mee d’Klimakris an de Verloscht vun der Biodiversitéit riskéieren eis an Zukunft nach méi ze nerven, wa mir näischt ënnerhuelen.
An deem Sënn ass d’Hëtzt vun de leschte Wochen eng wëllkomm Warnung.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.