Den Giro d’Italia ass eng Course, déi warscheinlech och Leit kennen, déi de Vëlossport elo net all Dag suivéieren. An awer huet e bei wäitem net de Stellewäert, wéi den Tour de France. Dofir awer méi prestigiéis wéi d’Vuelta, déi am August gefuer gëtt.
Wou a wéi ass den Giro d'Italia anzeuerdnen
Wat d’Grand Touren ugeet, also déi Coursen, déi iwwer 3 Woche ginn, ass den Tour de France kloer d’Nummer 1. Mee den Giro huet awer natierlech seng Berechtegung. Italien ass a bleift e Land, wou de Cyclissem eng ganz grouss Traditioun huet, egal ob dat wéinst de bekannte Coureuren ass, hiren traditiounsräiche Vëlosmarken (Pinarello, Bianchi, Wilier, Colnago, etc) oder och de mythesche Bierger, déi eropgefuer ginn.
Italien huet also alles, wat et fir eng grouss Course braucht. Den Giro hat an der Vergaangeheet awer Schwieregkeeten, déi richteg grouss Nimm unzezéien. Respektiv, se waren do, awer net fir ze gewannen.
Net méi just eng reng Preparatiounscourse
De Stellewäert vum Giro huet an de leschte Joerzéngte geännert. E Beispill: Den däitsche Jan Ulrich huet nach d’lescht Joer an engem Podcast gesot, datt fir hien den Giro nëmmen eng Preparatioun op den Tour de France war. Deementspriechend och seng 52. Plaz am Joer 2001.
De Lance Armstrong ass den Giro just eemol gefuer, an dat am Hierscht vu senger Karriär. Den Andy Schleck och just eemol: 2007 ass hien zwar dunn och Zweete ginn, mee dono ass hien ni méi an Italien ugetrueden.
Dat huet awer mëttlerweil geännert: Wann déi grouss Generalsfuerer um Depart stinn, dann och fir ze gewannen. Den Giro gëtt net méi als reng Preparatiounscourse op den Tour de France gesinn.
Vu Gaul bis Pogacar
Virun zwee Joer huet den Tadej Pogacar haut la main gewonn. Dëst Joer gëtt et mam Jonas Vingegaard ee grousse Favorit a säin Zil ass kloer: De rosa Maillot.
E Bléck an de Palmarès vun de leschte Jore confirméiert dat: Egal ob Roglic, Carapaz, oder Bernal: Déi si gefuer, fir ze gewannen.
An et muss ee jo och betounen, datt den Giro jo net ëmmer just eng Preparatiounscourse op den Tour war. Et erënnert ee sech just un déi zwou Giro-Victoirë vum Charly Gaul 1956 an 1959. Legendär war 1956 seng Etappevictoire um Monte Bondone, wou hien op der 18. Etapp bei staarkem Schnéi an äiskalen Temperature ganzer 16 Minutten op seng Konkurrenten am General guttgemaach huet.
Widderhuelung vun der "langweileger" 2024-Editioun?
Äiskal sinn och verschidde Kommentarer op de Soziale Medien. Wann een do nämlech bëssen den Echo liest, da kritt een Androck, datt d’Fans sech net därmoossen op den Giro dëst Joer freeën. Dat läit um Starterfeld.
Et gëtt ee grousse Favorit, dat ass de Jonas Vingegaard. Den Tour de France Gewënner kënnt an enger exzellenter Form op den Depart a wäert wuel – wann hien um Vëlo bleift – och gewannen.
An da kënnt laang näischt. Kee Pogacar, keen Evenepoel, kee franséischt Wonnerkand Seixas an och keng däitsch Hoffnung Lipowitz. Och aner Stars wéi de Mathieu van der Poel oder de Mads Pedersen sinn absent.
D’Fans fäerten also, datt et nees esou kéint si wéi virun 2 Joer, wou den Tadej Pogacar mat 10 Minutten Avance op den zweeten am General gewonn huet a ganzer 6 Etappevictoirë feiere konnt.
Wien huet Chancen op d'Plazen 2 an 3?
De Kampf ëm déi verbleiwend Podiumsplaze kéint e klengen Trouschtpräis sinn.
Gutt Chancen op de Podium huet sécher de jonken Italieener Giulio Pellizzari aus der Red Bull Bora Hansgrohe Ekipp.
Nennenswäert och nach de fréieren Tour de France an Giro Gewënner Egan Bernal, deem seng beschten Zäit sécher eriwwer ass, mee deen dëst Joer ganz gutt Resultater opweises huet.
Aner Nimm, déi een an de Réng geheie kann, sinn den Adam Yates (UK/UAE Team Emirates), dee fir den ugeschloene Joao Almeida als Leader vu senger Ekipp un den Depart geet, den Éisträischer Felix Gall (AUT/Decathlon CMA CGM), oder nach d'Ekippiere vu Pellizzari a Bernal: Den Jay Hindley (AUS/Red Bull Bora Hansgroe) an den Thymen Arensman (NED/Netcompany INEOS)
"Grande Partenza" an Bulgarien net onëmstridden
D’lescht Joer war den Depart an Albanien, dëst Joer da Bulgarien. Nees e Land, wou de Cyclissem u sech net esou eng grouss Traditioun huet.
Et gëtt dem Land natierlech Visibilitéit, mee am Virfeld gouf et nawell e bëssen – wéi een am Englesche géing soen – “bad press”. Bericht gouf vu Stroossen, wou de Makadamm nach gefeelt huet, oder déi einfach generell an engem schlechten Zoustand sinn.
D’Ekippen hu sech iwwer logistesch Schwieregkeete beschwéiert, well Bulgarie grenzt bekanntlech net un Italien. D’Haaptstad Sofia ass eng 500 Kilometer vum italieenesche Festland fort an dotëscht läit d’Adria.
Zum Schluss sief vläit nach gesot, datt 3 Etappen a Bulgarie gefuer ginn, ier et an Italie geet. De Parcours ass am Ganze bësse manner schwéier wéi an de Jore virdrun. Leit, déi also bësse manner gutt am Bierg sinn, kënne sech duerchaus Chancen op eng Etappevictoire ausmolen.
Gefuer gëtt den Giro d'Italia vum 8. bis den 31. Mee. E Lëtzebuerger steet net um Depart.