An éischter Linn géif et drëms goen d‘Spannungen tëschent den zwee Länner, aus de leschte Méint a Joren, nees ofzebauen. Dat no den israeeleschen Attacken op syreschen Territoire.
Israel a Syrie sinn zënter 1948 am Krich mateneen, en zentrale Sträitpunkt sinn d‘Golan-Héichten déi 1981 vun Israel annektéiert goufen.
"D-Day" vun de Sanktiounen
D‘USA wëllen haut déi häertste Sanktiounen iwwerhaapt géint den Iran decidéieren. Den amerikanesche Finanzminister Scott Bessent huet vun engem ekonomesche D-Day geschwat. Nodeems een den Iran scho militäresch geläämt hätt, géifen elo och wirtschaftlech Sanktioun d'Land haart treffen.
Bumerang-Effet?
Den Iran huet d‘USA virun engem Bumerang-Effet am Wirtschaftskrich gewarnt. Déi verschäerfte Sanktioune kéinten um Enn d‘USA selwer treffen, esou den iranesche Parlamentspresident Mohammad Bagher Ghalibaf op der Plattform X.