Den US-President suivéiert d’Entwécklungen an der Regioun op senger Télé bei sech doheem a senger Villa Mar-a-Lago a Florida. Dat mellen international Medienagencen. Hien fuerdert d'Mënschen am Iran per Video op sech géint de Regimm ze stellen.
Retour vun der Pahlavi‑Monarchie
Wéi international Medienagencë mellen, géif an de Stroossen vun Teheran, den Doud vum Ajatollah Ali Chamenei deels grouss geféiert ginn. Vill Iraner an Iranerinne géifen hier Hoffnung elo op de Retour der Pahlavi‑Monarchie setzen, déi 1979 duerch d’Islamesch Revolutioun gestierzt gi war. “Dat ass de leschte Kampf, de Pahlavi wäert nees zréck kommen”, dat wier eng vun de Parolen déi bei de Protester am Iran ze héiere wier. Dat mellt déi däitsch Noriichtenagence DPA.
De Jong vum deemolege Schah, Reza Pahlavi, huet sech schonn als potentiellen Interim-Leader presentéiert. Nom Stuerz vu sengem Papp am Joer 1979 war d'Famill an d’Exil an d’USA geflücht.