Aus den USA kéimen 100 Milliarden Dollar un privat Fongen fir d’Exploitatioun vun de Petrollsreseren am Venezuela ze fërderen. Domat hätten d’USA eng majoritär Kontroll iwwer d’Reserve u Petroll déi op 65 Milliarde Barill ageschat gëtt.
Am Ganzen hätt Venezuela eng Pëtrolsreserv vun iwwer 300 Milliarde Barrel. Fir de Venezuela géifen et Steierrecetten an Héicht vun 209 Milliarden Dollar ginn.
Investisseure schonn an der Vergaangenheet skeptesch
Engem US-amerikanesche Fuerschungszenter no géifen et awer potentiell Problemer gi fir amerikanesch Privatinvestisseuren. Eng zukünfteg Regierung kéint nämlech dat Ganzt nach eng Kéier verstaatleche wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. En Plus géif et laang daueren éier dee Projet kann ëmgesat ginn.
D'USA haten am Januar een Ugrëff op Venezuela gemaach an hire President, den Nicolás Maduro, entfouert an an de Prisong gestach. Zënterhir ass d'Interimspresidentin Dely Rodrigues un der Muecht.
Den Donald Trump hat kuerz no sengem Ugrëff déi gréisste Pëtrolskonzerner wärend engem Treffe gefrot, fir a Venezuela Honnerte Milliarden Dollar an de Pëtrolssecteur ze investéieren. Déi hate sech bis ewell awer skeptesch gewisen.