search

/ US-President stellt dem Iran op en Neits en Ultimatum fir en Enn vum Krich

Krich am Iran

|
reading time

1 min

US-President stellt dem Iran op en Neits en Ultimatum fir en Enn vum Krich

Et wier elo dem Iran seng lescht Chance fir een Accord fir en Enn vum Krich ze fannen, sot den Donald Trump am Wäissen Haus. Hien huet widderholl, datt nei Gespréicher mam Iran géife lafen. Den Iran huet dat awer dementéiert.

reading time

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Iwwerdeems gouf hënt an der Mieresstrooss vun Hormus nees en Transportschëff ugegraff. Dat huet déi brittesch Agence fir d‘Sécherheet am Schëffstransport matgedeelt. D‘Schëff wier vun engem onbekannte Projektil getraff ginn. Iwwer Schied oder eventuell Blesséierter ginn et nach keng Informatiounen.

De Krich géint den Iran hat am Februar duerch en US-amerikaneschen-israeeleschen Ugrëff op den Iran ugefaangen. Deen huet mat Géigenattacken an der ganzer Regioun reagéiert.