arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA annunléieren dat geplangte Militärmanöver mat Südkorea elo ganz

Südkorea

|
reading time

1 min

D'USA annunléieren dat geplangte Militärmanöver mat Südkorea elo ganz

Zënter Joren üübt déi amerikanesch Arméi zesumme mat der südkoreanescher, fir de Fall vun enger nordkoreanescher Attack. Nodeems den US-President Trump schonn d‘lescht Woch en anert Militärmanöver fréizäiteg ofgebrach hat, hunn se elo eng weider Übung ganz ofgesot.

reading time

1 min

Den Donald Trump am Wäissen Haus | © EPA/AARON SCHWARTZ / POOL
Den Donald Trump am Wäissen Haus (Foto: EPA/AARON SCHWARTZ / POOL)

Als Begrënnung heescht et vu Washington, datt een net genuch Truppen zur Verfügung hätt, wéinst dem Krich am Iran. Do dernieft wier et och, well d‘Regierung zu Seoul refuséiert, sech um Krich am Iran ze bedeelegen, esou den Donald Trump. A well hien sech et net mat Nordkorea wéilt verdierwen. 

Pjöngjang kritiséiert d‘Militärmanöver vun den USA a Südkorea schonn zënter laangem. Leschten Donneschdeg hat Nordkorea nach 10 ballistesch Kuerzstreckerakéiten getest.