Dëst ass eng weider Eskalatioun no de geplatzten Handelsgespréicher.
Den Trump behaapt, datt Kanada d‘USA zënter Jore géifen "ausbeuten" an datt d‘USA net op den Handel maam Nopeschland ugewise wieren. Enger Ëmfro no wier Kanada den Ament alllerdéngs den zweetgréissten Handelspartner vun den USA. Just mat Mexiko géif nach méi gehandelt ginn.