arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Um Findel goufe 500 Kilo Kokain an engem Fliger aus Brasilien entdeckt

Parquet deelt mat

|
headphones

1 min

Um Findel goufe 500 Kilo Kokain an engem Fliger aus Brasilien entdeckt

Et gouf rëm eng gréisser Quantitéit Drogen um Findel saiséiert. Wéi de Parquet matdeelt, goufe 500 Kilo Kokain an engem Cargofliger, deen aus Brasilie komm ass, entdeckt.

headphones

1 min

Kokain | © picture alliance/dpa | Oliver Berg
Kokain (Foto: picture alliance/dpa | Oliver Berg)

Dat war schonn am Januar. D‘Droge waren an engem Industriewueren-Transport vun 3,3 Tonne verstoppt a sollten an Holland weider transportéiert ginn. D‘Droge sinn direkt vun der Douane an der Police saiséiert ginn.

Déi aner Wuer gouf awer dunn, an Zesummenaarbecht mat den hollänneschen Autoritéiten, ënner Opsiicht bei den Destinatär geliwwert. An Holland konnten dunn e puer Leit festgeholl ginn, déi d‘Droge wollte siche kommen.