arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Un der Grenz tëschent Libanon an Israel: D'Natur bléit an d'Dierfer ginn zerstéiert

Krich am Noen Osten

|
reading time

6 min

Un der Grenz tëschent Libanon an Israel: D'Natur bléit an d'Dierfer ginn zerstéiert

Zënter d’USA an Israel den Iran den 28. Februar attackéiert hunn, ass d’Opmierksamkeet virun allem op Iran, Israel an d’Golfstaate geriicht. Dobäi entsteet an der Regioun e weidere Krich: Deen tëschent Israel an der Hisbollah am Libanon. Eise Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis un der Grenz.

reading time

6 min

Libaneesesch-israeelesch Grenz | © EPA/ATEF SAFADI
Libaneesesch-israeelesch Grenz (Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Metula läit um nërdlechste Punkt vun Israel. Egal ob ee vun deem klengen Duerf aus an de Westen, Norden oder Oste kuckt, gesäit ee libaneesesch Hiwwelen. Ëm dës Joreszäit ass et hei wonnerschéin: D'Storche friesse sech sat, éier si iwwer d’Mëttelmier fir de Summer an Europa fléien. D’Pijen an d’Mandele stinn an der Bléi.

"An engem Mount sinn d’Äppel an d’Mëspelen drun" seet d’Shoshana Bez. D’Wittfra vun 81 Joer ass deemools fir hire Mann op Metula geplënnert. Hien ass hei an den 1930er Jore gebuer.

Keng Zäit fir sech a Sécherheet ze bréngen

"Komm, komm, séier an d’Haus." Et ass Krich – nees. Zënter dem 1. Mäerz schéisst d’Hisbollah all Dag Rakéiten aus Libanon op Israel, an Israel all Dag op Libanon. Anescht wéi zu Tel Aviv, wou een no der Siren zéng Minutten Zäit huet, fir sech a Sécherheet ze bréngen, sinn et hei just 20 Sekonnen. Trotzdeem wëll d’Shoshana net fort.

"Ech brauch Hëllef doheem, ech brauch Medikamenter. Et gi Leit, déi kënnen hiert Liewe vu vir ufänken. Ech net, ech brauch mäin Doheem."

D'Shoshana Bez war fir hiren, mëttlerweil verstuerwene Mann, op Metula geplënnert | © Leonardo Kahn
D'Shoshana Bez war fir hiren, mëttlerweil verstuerwene Mann, op Metula geplënnert (Foto: Leonardo Kahn)

Ee Bild, dat un d'Gazasträif erënnert

Gläichzäiteg ass genee dat d’Schicksal vun iwwer enger Millioun Libaneesinnen a Libaneesen, déi an de leschten dräi Woche vun der israeelescher Arméi aus hiren Haiser verdriwwe goufen. Ee Fënneftel vun der Populatioun. Israel huet zënterhier och méi wéi 1.000 Leit ëmbruecht an iwwer 2.500 verletzt, seet de libaneesesche Gesondheetsministère. 

Vun den 1.000 Doudesaffer solle laut der Arméi 400 Hisbollah-Membere sinn.

Israel ass an de Libanon amarschéiert a kontrolléiert, eegenen Aussoen no, d’Hiwwele vun der Grenzregioun. Vu Metula aus zum Beispill gesäit een an dat nächst libaneesescht Duerf Kfarkela. Oder dat, wat dovunner iwwereg bleift. Well do steet keen eenzegt Haus mei. Ee Bild, dat un d'Gazasträif erënnert.

Vu Metula gesäit een op dat libaneesescht d'Duerf Kfarkela an deem keen Haus méi steet | © Leonardo Kahn
Vu Metula gesäit een op dat libaneesescht d'Duerf Kfarkela an deem keen Haus méi steet (Foto: Leonardo Kahn)

D’israeelesch Arméi huet an de leschten Deeg ëmmer nees Brécken zerstéiert, déi iwwer de Litani-Floss an de Süde ginn. Si geet dovun aus, datt d’Hisbollah iwwer dës Weeër Waffen an de Süde bréngt. Dat ass Deel vun engem Plang, un deem d’Arméi zënter aacht Méint geschafft huet.

"Natierlech hate mir dat geplangt. A mir hunn dee Plang, un deem mir aacht Méint geschafft hunn, ëmgesat."

Dat seet en israeelesche Colonel virun e puer Journalisten. Hie féiert eng Brigad am Libanon, an dat warscheinlech fir Méint. 

Pufferzon net konform mam internationale Recht

Dat offiziellt Zil vun Israel ass eng sougenannt Pufferzon am Libanon, fir Dierfer wéi Metula besser ze schützen. Um Sonndeg ass en Israeeli am Nopeschduerf vun enger Rakéit getraff ginn a gestuerwen. Konform mam internationale Recht wier esou eng Zon awer net. Et géif sech ëm eng illegal Besatzung handelen. Awer och Awunner:inne wéi d’Shoshana Bez gesi keen aneren Auswee:

"Kuck, d’Hisbollah ass e Grupp vu grausame Leit. Deene gëtt vu klengem u bäibruecht, datt een helleg gëtt, wann ee Judden ëmbréngt."

Ob et awer ouni d’Hisbollah Fridde gëtt, bleift ongewëss. Deen hat et och net tëschent Israel a Libanon ginn, éier d’Miliz 1982 gegrënnt gouf, wéi Israel deemools schonn an de Libanon amarschéiert war.