D'Äntwerte goufe lo an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.
An déi huet elo zwou juristesch Analyse virgeluecht, déi de Kader, an deem Lëtzebuerg kann aktiv ginn, méi kloer mécht. Deemno ka Lëtzebuerg, laut internationalem Recht, net einfach näischt maachen oder ewechkucken, wann an de besaten Territoiren Onrecht geschitt.
Franz Fayot: Lëtzebuerg ka mat guddem Beispill virgoen
Doraus ergëtt sech, datt fir Lëtzebuerg verschidden Aktioune verbuede sinn, déi déi illegal Occupatioun unerkennen. Dozou gehéiert och zum Beispill den Import vu Wueren, déi an de besaten Territoiren als israeelesch Produite markéiert ginn.
Fir de Franz Fayot vun der LSAP weisen dës Aussoe kloer, wéi Lëtzebuerg sech ka responsabel verhalen.
"Fir mam gudde Beispill virzegoen, fir och sengen internationalen Obligatiounen, wéi zum Beispill ënner där Konventioun fir d'Preventioun vum Genozid, fir deenen och nozegoen."
Sam Tanson: Echange mam Ausseminister fir ze klären, wéi vill Wëllen do ass
Och d'Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson gesäit hei eng ganz Rei vu Froe gekläert. Notamment wieren op legislativem Niveau eng Rei Méiglechkeete gekläert, mat deenen ee kéint schaffen
"Wou mir an engem Echange mam Ausseminister wäerte klären, fir ze kucken, a wéi fern de Wëllen och do ass, fir sech awer deem ze konforméieren."
Dës Note zielt och op, wéi eng positiv Obligatiounen sech fir Lëtzebuerg erginn. Dozou gehéiert eng aktiv Kollaboratioun mat de Vereenten Natiounen, fir déi israeelesch Occupatioun op en Enn ze bréngen, kloer Trennung tëschent dem israeeleschen an dem occupéierten Territoire an d'Ënnerstëtze vun all Mesure, déi dozou féiert, datt dat palästinensescht Vollek seng Autonomie behält.