Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Steve Gunn - Other You

play_arrow Live
search

/ Vermësstemeldunge betreffe virun allem mannerjäreg Meedercher an erwuesse Männer

Vermësste Persounen

Vermësstemeldunge betreffe virun allem mannerjäreg Meedercher an erwuesse Männer

D‘Police stellt eng Hausse vun de Vermësstemeldunge fest. Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der DP, ouni awer genee Zuelen ze nennen. Et goufe just Prezisioune wat déi verschidden Alterskategorien ugeet.

auto_stories

1 min

Police | © Adobe Stock

Bei de Mannerjäregen, déi bis elo dëst Joer als vermësst gemellt gi sinn, géingen déi 16 bis 18 Joer al 75 Prozent ausmaachen, woubäi bal zwee Drëttel dovunner Meedercher sinn.

Bei den Erwuessenen ass et ëmgedréint: Do maachen d‘Männer zwee Drëttel vun de Vermësstemeldungen aus. D‘Hallschent vun den erwuessene Leit, déi dëst Joer als vermësst gemellt gi sinn, haten tëschent 30 a 50 Joer.

Familiär Konflikter bleiwen een Haaptgrond

Wat d‘Grënn ugeet, déi zu enger Vermësstemeldung féieren, sou nennt den Inneminister bei den Erwuessene Suizidgefor, Drogen oder eng Fuite aus enger stationärer psychiatrescher Behandlung.

Bei de Mannerjärege géingen déi meeschte Vermësstemeldunge vu Foyere gemaach ginn. Dacks wier et, well déi Betraffen net an de Strukture géingen eens ginn. Wa Kanner géife vun doheem fortlafen wier dat meeschtens op familiär Konflikter zeréckzeféieren.