Deen neie Pass ass 10 Joer gülteg, kann net verlängert ginn a kascht weiderhi 50 Euro, wa keng Urgence virläit. De Chef vun der Diplomatie huet vun engem staarke Pass geschwat, mat deem een a méi wéi 170 Länner reese kéint. D’Fro, wat deen neie Pass ausmécht, huet de Xavier Bettel esou beäntwert.
"De Lëtzebuerger Pass ass net nëmmen e Stéck Pabeier. Et ass och e Stéck Fräiheet vun engem Bierger. Mir gehéieren zu deene Päss, déi awer wierklech considéréiert gi wéi e staarke Pass. Dat ass, dass ee mat deem Pass och op vill Plaze ka kommen. De Lëtzebuerger Pass erlaabt et elo a méi wéi 170 Länner ze reesen, ouni komplizéiert Formalitéiten. Do gehéiere mer zu de Spëtzereider vun deenen, wou ee kee Visa och brauch. Rezent sinn nei Facilitéite fir Reese vu Lëtzebuerger a China, dem Vietnam an och an der Mongolei dobäi komm, fir kuerz Openthalter, dass een do och elo kee Visa brauch."
Zejoert goufen iwweregens ronn 55.000 Päss hei am Land ausgestallt.