Et sollt een och net probéieren d'Emiraten ze verloossen, well et net kloer ass, ob aner Flughäfen an den Nopeschlänner op bleiwen, esou den Ausseminister, a Präsenz och vum Luxair-Generaldirekter Gilles Feith.
Ronn 500 Leit an der Regioun
Et géif ee probéieren, d'Leit esou séier wéi méiglech aus der Regioun erauszekréien. Esoubal de Loftraum op wier, géif ee mat Luxair-Maschinnen d'Leit siche goen, esou de Xavier Bettel. Ronn 500 Clientë vun der Luxair sinn an der Kriseregioun fir d’Vakanz. Dobäi kommen nach aner Lëtzebuerger:innen, déi iwwer aner Weeër an d’Regioun geflu sinn.
Dat, well de Loftraum fir den ziville Fluchverkéier iwwer Israel, dem Iran an dem Irak gespaart ass. Och ee Luxair-Vol huet missen ofgesot ginn.
Cellule de crise gouf agesat
Den Ausseministère huet sech zesumme mat der Transportministesch haut koordinéiert, fir de Rapatriement vun de Clienten, mee och vun de Lëtzebuerger:innen, déi iwwert aner Airlinë geflu sinn, ze plangen.
Eng Cellule de Crise gouf agesat, sot den Owend den Ausseminister Xavier Bettel, deen zesumme mam Gilles Feith dem Luxair-Direkter ee Point Presse gehalen hunn. D’Cellule de Crise konnt bis elo 160 Persoune kontaktéieren.
Plattform LamA
Et wier wichteg, datt d'Leit, déi sech an der Géigend ophalen, sech op der Plattform LamA aschreiwen. Dorënner versteet sech d'Plattform op myguichet.lu "Lëtzebuerger am Ausland". Nëmmen do kéint een d'Leit genee tracéieren.
Bis ewell wiere ronn 300 Mënschen op der Plattform ageschriwwen, déi sech fir de Moment an der ganzer Noost-Regioun befannen. Iwwer d'Luxair géife weider Donnéeë gesammelt ginn.
Och wann de Loftraum nees géif opgoen, kéint et sinn, datt et eng gewëssen Zäit dauert, well de Loftraum belaascht wäert sinn. Fir datt et trotzdeem net ze laang dauert fir d'Leit an der Regioun erauszekréien, géif ee probéiere sech mat den Nopeschlänner ze koordinéieren, huet de Gilles Feith erkläert.