arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zéng Joer nom Attentat vun Nice: Macron versprécht, d'Affer net ze vergiessen

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Zéng Joer nom Attentat vun Nice: Macron versprécht, d'Affer net ze vergiessen

Zéng Joer no der Terrorattack op der Promenade des Anglais huet Frankräich den Affer geduecht. De President Emmanuel Macron huet versprach, datt kee vun hinne jeemools vergiess gëtt.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Commemoratiounsfeier 10 Joer no den Terrorattacken zu Nice, Emmanuel Macron | © EPA/PHILIPPE MAGONI / POOL MAXPPP OUT
Commemoratiounsfeier 10 Joer no den Terrorattacken zu Nice, Emmanuel Macron (Foto: EPA/PHILIPPE MAGONI / POOL MAXPPP OUT)

Gëschter, um Dënschdeg, war net nëmme franséischen Nationalfeierdag, mee och den 10. Anniversaire vun der grujeleger Terrorattack zu Nice. Bei enger Gedenkfeier huet een de Verstuerwene geduecht. De President Macron sot, keen Numm, kee Gesiicht, keng Geschicht géif jeemools vergiess ginn.

Frankräich gedenkt den Affer vun Nice

Den Owend vum 14. Juli 2016 war en islamisteschen Terrorist mat engem geklaute Camion an d'Mënschemass gerannt, déi sech op der Promenade des Anglais versammelt hat. 86 Mënsche goufen ëmbruecht, 458 weider blesséiert.

Macron: "Keen Affer gëtt vergiess"

Frankräich stoung kuerz no den Attacken zu Paräis nees ënner Schock. Gëschter, 10 Joer méi spéit, huet Frankräich den Affer geduecht. Bei enger Gedenkzeremonie sot de President Macron, keen eenzegt Affer géif jee vergiess ginn. Nice hätt gekrasch, ouni awer d'Liewen opzeginn, esou de Macron, deen och rappeléiert huet, datt een zënter 2024 scho 16 geplangten Terrorattacken am Land verhënnere konnt.

Och d'Famillen a Frënn vun den Affer hunn d'Wuert gëschter ergraff. De Patrick Prigent vun der Associatioun "Life for Nice" sot, Resilienz wier ze léiere mat enger Wonn ze liewen, déi ni komplett heele wäert.

Trauma bis haut present

Besonnesch d'Kanner an d'Jugendlech, déi deemools Zeie vun der Attack goufen, koumen an de leschten Deeg dacks an de Medien zu Wuert an hunn erzielt, wéi dësen Trauma hiert Liewen nach ëmmer bestëmmt.

Vill Iwwerliewender hunn och erkläert, et wier schwéier, well d'Attack dacks am Schiet vun den Attacken 2015 zu Paräis steet, an d'Affer sech net ëmmer gesi fillen. Um Sonndeg hat d'Commemoratioun zu Nice mat enger Marche Blanche ugefaangen, un där iwwer 1.000 Leit deelgeholl hunn.

play_arrow Lauschteren