Radioen

On air

De Weekend  |  Eugène Ionesco: E Pilier vum absurden Theater

play_arrow Live
search

/ Bis elo bal 500 Déiere positiv op d‘Blozongekrankheet getest

Zënter dem 1. August

Bis elo bal 500 Déiere positiv op d‘Blozongekrankheet getest

D‘Veterinärsverwaltung ALVA deelt mat, datt eleng an der leschter Woch nach 152 Infektioune bäikomm wieren. Dorënner 360 Ranner, 125 Schof a 6 Geessen. 246 Betriber si betraff.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Georg Wendt

Den 9. August war d'Impfkampagne lancéiert ginn, zanterhier sinn 240.000 Impfdosisse geliwwert ginn, 70.000 sinn u Veterinäre verdeelt ginn.

D'ALVA mécht och nach emol en Appell u Leit, déi Déieren halen. Wa si mierken, datt méi Béischte wéi soss stierwen, sollen si dat direkt bei der ALVA mellen. Et gëtt dofir e Formulaire op der Internetsäit vum Landwirtschaftsministère.