Éischt Tagesschau-Spriecherin mat Migratiounshannergrond hält op 28.04.2021 - 12h15 D'Linda Zervakis war déi éischt Tagesschau-Spriecherin mat Migratiounshannergrond. Elo hält si op. Huet hir Virreider-Roll eppes verännert?
Wunnquartier Stade: Fënnef Projeten zeréckgehalen 28.04.2021 - 08h22 Beim Concours fir déi urbanistesch Iddie fir dee geplangten neie Quartier op der Areler Strooss hei an der Stad goufen 35 Projeten agereecht.
Kanal des Anstoßes 27.04.2021 - 12h15 Staatspräsident Erdogan spricht wörtlich von seinem "verrückten Projekt" und viele Kritiker stimmen ihm bei dieser Einschätzung zu - nur eben anders, als der Präsident es meint.
Handwierker wëllen iwwer Präisupassunge schwätzen 27.04.2021 - 08h22 Wéinst der grousser Knappheet beim Baumaterial wëllt d'Handwierkerfederatioun mam Minister François Bausch iwwer eng Präisrevisioun bei ëffentleche Projete verhandelen.
Illegal Spektakelen um Montmartre 26.04.2021 - 12h15 Kulturveranstaltunge mat Publikum bleiwen a Frankräich weiderhi Corona-bedéngt verbueden. Eng Partie Kënschtler verleeën dowéinst d'Bün op d'Strooss.
"Den Ductus war: Den Engel muss fort!" 26.04.2021 - 08h22 Wärend dem CSV-Kongress leschte Samschdeg war de Fränk Engel Invité an der Emissioun Riicht eraus. De Resumé vun de wichtegsten Aussoen.
Och an Däitschland: AstraZeneca fir Persounen ënner 60 23.04.2021 - 12h15 Vereenzelt Bundeslänner wëllen domadder verhënneren, datt Impfdosissen am Frigo leie bléiwen. Et gëtt awer duerchaus och Kritik un dëser Mesure.
Stabil Resultater beim Bildungsmonitoring 2020 23.04.2021 - 08h22 Trotz der Corona-Pandemie an hire Konsequenze sinn de Schüler hir Kompetenze global gekuckt stabil bliwwen.
Maske-Sträit um rietse Bord 22.04.2021 - 12h15 Déi riets-national Partei FPÖ an Éisträich ass zerstridden.
Déi europäesch Kolonialgeschicht endlech opgräifen 22.04.2021 - 08h22 Lëtzebuerg brauch statistesch Donnéeë fir de systeemesche Rassismus um Fong entgéintzewierken: eng vun de Conclusioune vun enger Konferenz op der Uni Lëtzebuerg.
Ufank vum däitschen Dräikampf 21.04.2021 - 12h15 Baerbock, Laschet, Scholz - déi dräi gréisst däitsch Parteien hunn hir Spëtzekandidaten opgestallt. Laang war keng Bundestagswal méi esou oppen.
Riad Malki fuerdert: maacht Drock op Israel 21.04.2021 - 08h22 De palästinenseschen Ausseminister Riad Malki war am Virfeld vun de geplangte Walen a Palästina op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
Jury am Prozess zu Minneapolis huet sech zeréckgezunn 20.04.2021 - 12h15 De Jury am Derek Chauvin-Prozess zu Minneapolis huet sech gëschter Owend zeréckgezunn fir ze beroden, ob den Ex-Polizist schëlleg gesprach gëtt fir de Mord um George Floyd.
"Informatiounszougang elo!" 20.04.2021 - 08h22 Mat enger Campagne erneiert de Journalisteverband ALJP seng al Fuerderung no engem gesetzlech verankerten Usproch op staatlech Renseignementer.
Déi flämesch sozialistesch Partei ännert hiren Numm 19.04.2021 - 12h15 "Vooruit", also "no vir", oder "en avant": deen neien Numm vum sp.a soll e Generatiounswiessel duerstellen an d'Partei erëm populär maachen.
Annulatioun vum Berliner Mietendeckel 16.04.2021 - 12h15 Gëschter (15.4.) hat dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht de Berliner Mietendeckel gekippt an domadder fir vill Diskussioune gesuergt.
Bis zu 120.000 Selbsttester pro Woch fir d'Schoulpopulatioun 16.04.2021 - 08h22 No der Ouschtervakanz solle Corona-Selbsttester am grousse Stil bei der Schoulpopulatioun agesat ginn.
Entwicklung des türkischen Militärs 16.04.2021 - 07h20 Erfahrungen mit Putschen hat die Türkei, das Militär hat in dem Land eine wichtige Rolle als Wächter des Kemalismus.
Belsch: eis Noperen hiewen Covid-Moossnamen op 15.04.2021 - 12h15 No enger Marathon-Sëtzung hunn déi belsch Regierungen dëse Mëttwoch decidéiert, eng Rei Moossname géint d'Verbreedung vum Covid opzehiewen.