"Police war an de leschte Jore keng politesch Prioritéit" 22.02.2021 - 08h22 D'Police steet virun enger ganzer Rei vun Erausfuerderungen. Rekrutement, Digitaliséierung an optimiséiert Organisatioun solle Verbesserunge mat sech bréngen.
Weltallrover Perseverance lant um Mars 19.02.2021 - 17h15 De Weltallrover Perseverance ass gëschter am Krater Jezero um Mars gelant. De Roboter soll elo wärend zwee Joer um roude Planéit no Spuere vu fréierem mikrobielle Liewe sichen.
Ee Joer no Hanau: Rassismus an Däitschland 19.02.2021 - 12h15 Däitschland gedenkt haut den Affer, déi viru genee engem Joer bei enger rietsextremer Terrorattack zu Hanau ëmbruecht goufen.
Skepsis ronderëm AstraZeneca 19.02.2021 - 08h22 Skepsis ronderëm dee Vaccin gëtt et och hei am Land. Dat weise Beispiller aus den Alters- a Fleegeheemer, wou eng Partie vum Personal refuséiert huet sech impfen ze loossen.
Covid-Situatioun an der Belsch 18.02.2021 - 12h15 D'Impfstrategie deet sech schwéier. Knapps dräi Prozent vun der belscher Bevëlkerung goufe mëttlerweil zweemol géint de Coronavirus geimpft.
Schoul am Container 18.02.2021 - 08h22 Um Kierchbierg si vill Schüler a Containeren. Ee vun de Problemer ass, datt déi lescht Jore vill gebaut gouf, an datt Schoulinfrastrukturen net no komm sinn.
Sonndesstonnen am Commerce 18.02.2021 - 07h20 D'Aarbechtsgesetz an d'Gesetz iwwer d'Ëffnungszäite sinn net gutt ofgestëmmt.
Däitschland: Wéi stinn d'Chancë fir Schwaarz-Gréng? 17.02.2021 - 12h15 A siwe Méint wielt Däitschland en neit Parlament an en neie Regierungschef. Wéi stinn d'Chancë vun enger schwaarz-grénger Regierung?
AstraZeneca: Impfstoff soll méi effikass ginn 17.02.2021 - 08h22 Den Intervall tëschent der éischter AstraZeneca Impfung an der zweeter soll méi grouss ginn. Dem Virolog Claude Muller no géif den Impfstoff doduerch besser hëllefen.
Erënnerung un d'Spueniekämpfer 17.02.2021 - 07h20 Um Monument vun der "Gëlle Fra" soll an Zukunft och un déi sougenannte Spueniekämpfer erënnert ginn. D'Regierung huet hir Positioun domadder elo revidéiert.
Wat ass Resilienz? 16.02.2021 - 12h15 Widderstandsfäegkeet an der Pandemie: E Gespréich mat enger Resilienzfuerscherin Dr. Isabella Helmreich
Méi Hëllefe fir eng Rei Betriber geplangt 16.02.2021 - 08h22 D'Entreprisen, déi am stäerkste vun der Pandemie betraff sinn, solle méi Finanzhëllefe kréien: dozou gehéieren d'Restauratiouns-Betriber.
"Léiwer eng Kéier een Dossier net maachen, wéi een ze vill" 16.02.2021 - 07h20 D'selwecht wéi Banken an Notairë mussen och Affekoten d'Anti-Geldwäsch-Bestëmmunge respektéieren. Wéi gewëssenhaft ginn Anti-Blanchiment-Kontrolle gemaach?
Bësch a schlechtem Zoustand: Grënn an eventuell Léisungen 15.02.2021 - 08h22 Am Riicht eraus hunn den Direkter vun der Naturverwaltung, Frank Wolter, an de Roger Schauls vum Mouvement écologique, iwwer d'Bëscher zu Lëtzebuerg diskutéiert.
DAB+ zu Lëtzebuerg: Aféierung virun Enn 2021 geplangt 13.02.2021 - 07h40 Deen neie Radiostandard DAB+ soll virun Enn 2021 hei am Land lancéiert ginn.
Däitschland: Federalismus an der Kris? 12.02.2021 - 12h15 Den däitsche Federalismus steet zanter Méint an der Kritik, well d'Muechtverdeelung an der Pandemie fir vill Konflikt a Chaos suergt.
DAB+ zu Lëtzebuerg: Aféierung virun Enn 2021 geplangt 12.02.2021 - 08h22 Deen neie Radiostandard DAB+ soll virun Enn 2021 hei am Land lancéiert ginn.
Lécker Flughafen: CEO gouf wéinst Faute Grave entlooss 11.02.2021 - 12h15 Dem Ex-Patron vum Flughafen Luc Partoune gëtt Korruptioun virgeworf.
"Ech hat d'Gefill, do gëtt gemauert" 11.02.2021 - 08h22 Den SZ-Journalist Frederik Obermaier, deen un der OpenLux-Recherche matgeschafft huet, erkläert seng Approche a kritiséiert den Ëmgang vu Lëtzebuerg mat de Revelatiounen.