Den 4. Juli 1944 hunn däitsch Zaldote vun der Divisioun "Herrmann Göring" néng Duerfbewunner, haaptsächlech Fraen a Kanner erschoss. Am Duerf gi verschidde Versioune vun der Geschicht gezielt. Sinn d'Partisanen, déi just virdrun déi däitsch Zaldoten ugegraff hunn, Schold un dësem Massaker? De Regisseur Ulrich Waller huet an Zesummenaarbecht mam Matteo Marsan a mam Diana Hohmann probéiert, d'Geschicht a Form vun engem Theaterstéck ze verschaffen. D'Recherche no deem, wat wierklech geschitt ass, hunn déi dräi RegisseurInnen am Dokumentarfilm "Der vergessene Krieg" festgehalen.
Aus dem selwechten Duerf - Dan Gusmè - staamt den italieneschen Immigrant, de Protagonist am Theaterstéck "Amara terra mia - Mein bitteres Land", dat zweesproocheg opgefouert gëtt. Zwou Fraen entdecken nom Doud vun hirem Papp, datt si Schwëstere sinn ... Déi eng schwätzt italienesch, déi aner däitsch. Si versichen d'Liewen vun hirem Papp ze rekonstruéieren ...
De Regisseur Ulrich Waller schwätzt iwwer dës zwou Produktiounen mam Valerija Berdi.