Am Kader vu senger Autorenresidenz um Théâtre National du Luxembourg ass den Olivier Garofalo, zur Zäit Dramaturg um ETA Hoffmann Theater ze Bamberg, gebiede ginn, eng Ried vum Theater ze verfaassen. Dësen Optrag huet hien erfëllt an "Rede vom Theater", ass elo och vum Centre national de littérature publizéiert ginn.
D’Valerija Berdi huet sech mam Olivier Garofalo iwwer seng Iwwerleeungen an Impulser zum Lëtzebuerger Theater ënnerhalen.