Wat fir Méiglechkeeten hunn Auteuren an Editeuren hei am Land, fir sech finanziell ofzesécheren an doduerch méi professionell ze schaffen?
Fir Manuskripter besser ze preparéieren, fir engem Auteur e Lektorat z’offréieren? Wiem seng Roll ass et, déi néideg Informatiounen ze bidden? Hëlleft déi nei Plattform vum Luxembourg Online Rights Desk, fir eng besser Vermaartung vun der Lëtzebuerger Literatur am Ausland?
De LiteraturLabo vum radio 100,7 invitéiert Iech mat ze diskutéieren. Den Debat gëtt geleet vun de Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian De Toffoli. Am Public diskutéiere mat: Schrëftsteller, Editeuren an Acteuren aus dem Literaturbetrib.
Rendez-vous de 7. Mäerz 2017 um 19:30 am Bistro Ratelach vun der Kulturfabrik. Jiddereen ass wëllkomm, fir Froen ze stellen a mat ze diskutéieren. Reservéiert Är gratis Plazen op events@100komma7.lu
Diffusioun um radio 100,7: Sonndes, den 12. Mäerz um 10:04 a 15:00.