De franséische Schrëftsteller Caryl Férey, dee bekannt ass fir seng "Polars“, huet zesumme mam Gérard Dumont eng Fabel geschriwwen iwwert de 7. Januar 2015, wou duerch en Terrorattentat op d'Redaktioun vun der Satirezeitung Charlie Hebdo zu Paräis eelef Mënschen ëmbruecht goufen.
Eng Reflexioun iwwert den Dag selwer an déi gesellschaftlech a perséinlech Entwécklung nom Attentat weisen déi zwee Auteuren an hirem Stéck, deen an Zesummenaarbecht mat "Théâtre K" vu Lille produzéiert ass. Op der Bühn stinn d'Nathalie Grenat, den Damien Olivier, de Pierre Piétras an de Serge Wolf. Regie: Gérard Dumont. E Bäitrag vum Valerija Berdi.