Dëse Freideg, de 17. Mäerz ass am Centre Culturel Régional OpderSchmelz e Kino- a Museksowend, den Ofschloss vun enger Trilogie, déi den Antoine Prüm zesumme mat der Danielle Igniti iwwert déi lescht Jore mat Filmer a Concerte opgebaut hat, déi alleguerten eng bis elo wéineg bekannte Museksgeschicht an de Mëttelpunkt stellen.
De Film "Blue for a Moment" an d'Live Performancen déi duerno gebuede ginn, illustréieren d'Liewen an d'Aarbecht vum Improvisatiounsmuseker Sven-Âke Johansson, dee seng ganz eege Variant vum Iwwergank vum Free Jazz zur europäescher Improvisatiounsmusek vollzunn huet.
De Christian Mosar mat Detailer.