Den Ordre des Architectes verlaangt eng Interventioun vum Premier: Et geet ëm dat geplangtent neit Gebai fir den Haaptsiège vun ArcelorMittal op engem Terrain vum Fonds Kirchberg.
De Stolkonzern hat fir d'Konzeptioun vun dësem Gebai keng Architektebüroen hei aus dem Land invitéiert, fir Projeten anzereechen. Den Direkter vum Ordre des Architectes et Ingénieurs-Conseil Pierre Hurt ass domat net averstanen. Explikatioune vum Fanny Kinsch.